D'Europaparlament huet en Donneschdeg de "Klimanoutstand" fir Europa ausgeruff. Déi Deputéiert hu mat enger grousser Majoritéit dofir gestëmmt.

Déi zentral Fuerderung vun engem Text ass d'Zil, fir d'CO2-Emissioune vun den EU-Länner bis 2030 ëm 55% am Verglach zu 1990 ze reduzéieren. E Signal, fir d'Klimaziler an den eenzele Memberstaaten ëmzesetzen. Am Lëtzebuerger Klimapak, deen den Ament ausgeschafft gëtt, ass dat och d'Zil. Wéi et areecht soll ginn, ass awer nach net bekannt.

Neisten Donnéeën no kënne Klimafuerscher d'Objektiver vu Paräis, d'Äerderwiermung op maximal 1,5 Grad ze limitéieren, net erreecht ginn. De Verbrauch vu fossiller Energie misst drastesch erofgefuer ginn.