Den EU-Rotspresident Donald Tusk huet um Freideg de Moie seng Amtsgeschäfter u säin Nofollger Charles Michel iwwerginn.

Den Tusk war zanter 2014 fir zwee Mandater op där Plaz.

De President vum Europäesche Rot ass besonnesch fir d'Preparatioun an d'Organisatioun vun de Sommete fir d'Staats- a Regierungscheffe responsabel.

De Belsch Charles Michel iwwerhëlt offiziell e Sonndeg, den 1. Dezember, zäitgläich mat der neier EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

D'Mandat vum EU-Rotspresident dauert zwee an en halleft Joer.