D’EU-Finanzministeren beroden zu Bréissel iwwert d’Méiglechkeet, eng europäesch Entitéit ze schafen, déi sech der Lutte géint de Blanchiment unhëlt.

Méiglech ass, dass déi nei EU-Kommissioun den Optrag kritt, en entspriechende Projet de loi auszeschaffen.

Mat esou enger Entitéit kéinten d’Transaktiounen vun de Banken op EU-Niveau iwwerwaacht ginn. Bis ewell ass dat den nationale Kontroll-Autoritéiten iwwerlooss.