Dat huet den neie EU-Rotspresident Charles Michel um Donneschdeg beim Optakt vum Sommet zu Bréissel ënnerstrach.

EU-Sommet zu Bréissel / De Reportage vum Claudia Kollwelter

De Klimawandel ass ee vun de Schwéierpunkten. Nach steet allerdéngs an de Stären, ob all d'EU-Memberstaate sech zu der Klimaneutralitéit verflichten wäerten, well Länner wéi Polen, Tschechien oder Ungarn sech bis ewell géint de sougenannten "Green Deal" ausgeschwat hunn a finanziell Ënnerstëtzung beim Ëmbau vun der Energieversuergung fuerderen.

Den tschechesche Premier Andrej Babis huet schonn am Virfeld vum Sommet betount, datt fir säi Land d'Atomenergie den eenzege Wee a Richtung Klimaneutralitéit wier. Fir de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel kënnt et allerdéngs net a Fro, datt Atomenergie mat europäesche Gelder finanzéiert gëtt. Hien ass bereet op deem Punkt säi Veto anzeleeën.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel:

"Ech wëll awer och net als Geisel geholl ginn vu verschiddene Länner, déi soen, wann ech net Sue kréien, dann sinn ech och géint déi gemeinsam Ziler. Et geet awer ëm d'Zukunft! Ech mengen, et kann awer net sinn, datt e mengt, datt Ëmweltproblemer just bei verschiddene Länner sinn, an déi aner dann Léisunge musse fannen.

Mir musse gemeinsam, ambitiéis Ziler hunn. An ech well just drun erënneren, datt mer zu Paräis bei der COP21 alleguerten an d'Hänn geklappt hunn a gesot hunn: "Super! Mir hunn eis gemeinsam Ziler ginn." Da kann et net sinn, dat verschidde Leit hei Amnesie hunn, an op eng Kéier net méi wëssen, firwat se sech viru kuerzer Zäit eréischt engagéiert hunn."


De franséische President Emmanuel Macron betount, datt jiddereen d'Energietransitioun op nationalem Niveau ugoe muss, an datt d'Nuklearenergie Deel vum Mix ka sinn.

Nieft dem Klimawandel geet et en Donneschdeg dann ëm den EU-Budget fir 2021 bis 2027. Déi finnesch Presidence proposéiert ee Budget, dee bei 1,07 Prozent vum PIB läit. Mä d'EU-Memberstaate si sech net eens, ob de Budget gehéicht oder gekierzt soll ginn. Et dierften also Diskussiounen op deem Punkt ginn.

E Freideg ass dann e Sommet vun der Eurozon, iwwerdeems ënnert anerem iwwert d'Iwwerschaffung vum europäesche Stabilitéitsmechanismus an d'Stäerkung vun der Bankenunioun diskutéiert gëtt. Ma natierlech steet och de Brexit op en Neits um Ordre du jour.

D'Staats- a Regierungscheffe vun de 27 EU-Memberlänner schwätzen doriwwer, wéi een d'Negociatiounen iwwert d'zukünfteg Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien no hirem Austrëtt preparéiert. Et ass iwwregens den éischte Sommet, dee vum Charles Michel presidéiert gëtt.

Greenpeace-Aktioun zu Bréissel

Schonn en Donneschdeg de Moie gouf op de Sujet an der belscher Haaptstad opmierksam gemaach, dat duerch eng Aktioun vu Greenpeace. Ronn 60 Aktivisten haten d’Gebai vum Europarot an der Rue de la loi souzesoen eruewert a riseg Affichen opgehaangen, op deene Flamen ze gesi waren an d’Wierder "Climate emergency" ze liesen waren. Duerch kënschtlechen Damp huet et ausgesinn wéi wann d'Gebai brenne géing. D'Aktioun war awer am spéide Moie fäerdeg an den EU-Conseil huet wéi geplangt en Donneschdeg am Nomëtteg ugefaangen.

D'Staats- a Regierungscheffen debattéieren zanterhier iwwert e sougenannten "Green Deal".

© RTL