Seng Duechter Jewher Ilham huet de Präis fir hire Papp, de chineesesch-uiguuresche Regierungskritiker entgéintgeholl.

Hie selwer sëtzt zanter 2014 an engem chineesesche Prisong.

De fréiere Wirtschaftsprofesser gouf deemools zu enger liewenslänglecher Strof verurteelt. D'chineesesch Autoritéite geheien him "Separatismus" vir.