Mat 358 Jo- an 234 Nee-Stëmmen huet e Freideg dat brittescht Parlament fir d'Brexit-Pläng vum Boris Johnson gestëmmt.

Brexit-Vott am brittesche Parlament / Rep. Max Schmitz

Mat dëser Decisioun ass Groussbritannien dem Austrëtt aus der EU bis den 31. Januar 2020 e Schrëtt méi no komm.

D'Resultat ass keng Iwwerraschung, well déi konservativ Partei, no hirer fulminanter Victoire bei de leschte Walen den 12. Dezember, eng Majoritéit vun 80 Setz am Parlament huet. Mir erënneren eis, dass den Accord mat der EU, dee vun der virreschter Premierministesch Theresa May ausgehandelt gouf, dräimol vun de Parlamentarier verworf ginn ass. D'Debatten um Freideg an och Ufank Januar sinn zu engem Deel also just fir d'Galerie.

Bausse virum Westminsterpalais goufen et och weider keng grouss Protester. Dem Boris Johnson seng Laun war deemno ganz gutt. Fir hien ass et een historeschen Dag. Hien hofft, dass sech duerch d'Unhuele vum Gesetz dat brittescht Vollek endlech erëm méi no kënnt: Elo ass d'Zäit do fir zesummenzeschaffen als eng eenzeg, gestäerkt Natioun, een eenzegt Vereenegt Kinnekräich. Dëse Gesetzesprojet an dëse kruziale Moment an eiser Geschicht däerfen net als Victoire vun enger Partei iwwert déi aner oder vun engem Grupp iwwert den Anere gesi ginn.

Mat dësem Gesetzesprojet verléisst Groussbritannien also d'Europäesch Union den 31. Januar 2020. Donieft ass et dann och ausgeschloss, dass d'Iwwergangsperiod, an där d'Insel nach d'Reegele vun der EU respektéiert, iwwer Silvester 2020 eraus verlängert gëtt.

D'Oppositiounspartei Labour huet géint de Projet vum Johnson gestemmt, ënner anerem well d'Aarbechtsrechter an dësem Accord net gereegelt sinn, huet de Labour-Chef Jeremy Corbyn erkläert: Mir hu virun de Wale gewarnt, dass dem Premier säi Brexit-Accord ee ganz schlecht Ofkommes fir eist Land ass an dëser Iwwerzeegung sinn mir och nach haut.

Nom Vott ass et awer nach ëmmer onkloer, wéi d'Zukunft vun de Relatiounen tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich genee ausgesi wäerten. D'Thema Brexit ass also och 2020 nach net vum Dësch.