De President vun der Europäescher Investitiounsbank, den Däitschen Werner Hoyer, huet d’Wirtschaft kritiséiert, fir hiren Ëmgang mam Klimawandel.

An engem Interview mam Redaktions-Netzwerk-Deutschland, sot hien, hien géif d’Suergen ëm de Verloscht vun Aarbechtsplaze verstoen, mä sou muncher Responsabele misst sech froen, op hien déi Entwécklung net e bësse verschlof hätt.

De Werner Hoyer gëtt d’Beispill vun der Automobil-Industrie, a seet et wier schonn 15 oder 20 Joer glaskloer, dass de Wee entweder iwwer Batterien oder Brennstoffzellen, respektiv Waasserstoff wäert goen, mä vill Produzenten an Zouliwwerer hätten mol ofgewaart.