An den nächsten 10 Joer wëll d’EU-Kommissioun mat engem risegen Investitiounsprogramm ganzer 1 Billioun € an de Klimaschutz investéieren.

Dat sinn also 1000 Milliarden €.

Wou all déi Sue sollen hierkommen, wëll d’Kommissioun en Dënschdeg am Nomëtteg zu Stroossbuerg erklären.

Zu deem Ganze gehéiert och en Hëllefsprogramm an Héicht vun eleng 100 Milliarden, mat deem déi europäesch Regioune solle gehollef kréien, deenen en Ëmschalten besonnesch schwéier fält, beispillsweis d’Kuele-Regiounen am däitsche Ruhrpott oder a Polen.