Déi nei EZB-Cheffin Christine Lagarde wëll déi aktuell Strategie aus der Zäit vun hirem Virgänger Mario Draghi deemnächst kritesch ënnert d'Lupp huelen.

D'Europäesch Zentralbank léisst de Leetzëns um historesch déiwen Niveau vun 0%. Et bleift och bei den Negativ-Zënsen fir d'Banken, déi Geld bei der EZB parken.