Den 31. Januar verléisst Groussbritannien d'EU. Nodeems déi brittesch Queen d'Brexit-Gesetz en Donneschdeg ënnerschriwwen hat, war et e Freideg un der EU.

D’Kommissiounspresidentin Von der Leyen an den EU-Rots-President Michel hunn e Freideg zu Bréissel d’Austrëtts-Ofkommes ënnerschriwwen. Dëst muss elo nach d’nächst Woch vum Europaparlament ratifizéiert ginn. Déi brittesch Queen hat d’Brexit-Gesetz en Donneschdeg ënnerschriwwen.

Domat gëtt d'Resultat vum Referendum vun 2016 ëmgesat an de permanente Sträit an d'Spléckung vu Groussbritannien kritt en Enn, sou heescht et. Groussbritannien wäert d'EU nächste Freideg verloossen.

Bis Silvester dëst Joer wäert dann eng Iwwergangsphas gëllen, an där en neit Handelsofkommes muss ausgeschafft ginn.