D’EU-Parlament huet de Brexit-Accord ratifizéiert. Eng grouss Majoritéit huet dofir gestëmmt.

621 Deputéiert waren dofir, 49 dogéint. 13 Deputéiert hu sech enthalen. Domadder ass de Wee fir ee gereegelten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU fräi, 3 1/2 Joer nom Referendum. E Freideg den Owend verléisst déi brittesch Insel d'Europäesch Unioun. Da gi 47 Joer Memberschaft vu Groussbritannien an der EU op en Enn. Allerdéngs wäert Groussbritannien nach bis Enn des Joers am EU-Bannemaart bleiwen an och an der Zollunioun. D'EU an d'Britte wëlle vun der Iwwergangsphas profitéieren, fir een Handelsaccord auszeschaffen.

E Mëttwoch am fréien Owend hu sech d’Deputéiert fir eng lescht Aussprooch iwwert den Traité gesinn, deen d’Rechter vun de Bierger vu béide Säite reegelt, grad wéi d’Finanz-Obligatiounen vu London.

Eng onfair Konkurrenz dierft et net ginn. Et géif ee seng Entreprisë kenger onfairer Kompetitioun aussetzen, weider nach d'EU-Kommissiounspresidentin. Wat d'Aarbechtsrecht an d'Ëmweltstandarden ugeet, wéilt ee net fréckele goen. D'Britten an d'Europäer hätten Interêt un enger gudder Partnerschaft.

De Vott e Mëttwoch dierft net als Support fir ee Brexit verstane ginn, huet de Chef vun de Liberalen, de Guy Verhofstadt, fir den Optakt vun den Debatten am EU-Parlament betount. Et wier just ee Vott fir ee geuerdente Brexit, géint ee wëllen an haarden Austrëtt.

"We'll always love you"

D'Britte wäerten ëmmer en Deel vun der Famill bleiwen, sot am fréien Owend d'EU-Kommissiounspresidentin Urusla von der Leyen. Mir wäerten Iech vermëssen, mä mir wäerten eis Frëndschaft opriicht erhalen, esou d'Ursula von der Leyen zu Bréissel.

Déi eng hu fir hiren Desaccord mam Brexit ze manifestéieren, Schale mam brittesche Fändel ugedoen, anerer hu gekrasch. An dann hat een op der anerer Säit och déi am EU-Parlament zu Bréissel sëtzen, déi frou iwwert den Austrëtt vun der brittescher Insel aus der EU sinn. Et war op jiddwer Fall eng Parlamentssitzung, déi emouvant war.

Virum Vott huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen kloer Wierder fonnt.

Wat e Freideg geschitt, "marks the point of no return", esou de brittesche Brexit-Supporter Nigel Farage. Wa mir Partnerschaft, Kooperatioun wéilten, da brauche mir keng gemeinsam Institutiounen. "We love Europe, but we hate the European Union", esou de Nigel Farage. D'Europäesch Unioun wier ee schlechte Projet, deen antidemokratesch wier.

De brittesche Brexit-Supporter Nigel Farage

Hei krut de Nigel Farage vun der Brexit-Partei de Mikro ausgemaach, well d'Brexit-Supporter ugefaangen hunn, mam brittesche Fändel hin an hier ze wénken an „Hurra" ze jäizen, ee Behuelen wat am Parlament net toleréiert gëtt. No der Interventioun vum Farage huet de Politiker mat senge Brexit-Unhänger mat engem Laachen de Sall verlooss.

Mam Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU verloossen am Ganzen 73 brittesch EU-Deputéiert d'Parlament.

AUDIO: Reaktioune vu Lëtzebuerger Vertrieder / Rep. Bill Wirtz