E Freideg ass et da sou wäit, Groussbritannien verléisst no 47 Joer d'Europäesch Unioun. Eng Premiere, nach ni virdrun huet e Land der EU de Réck gedréint.

"Et ass e Verloscht fir béid Säiten", seet de Michel Barnier, dee Mann, deen iwwer Joren den Accord ausgehandelt huet. En Accord, deen awer nach kaum Äntwerte gëtt doriwwer, wéi et an Zukunft tëscht béide Säite weidergeet. E Mëttwoch nom definitive Vott am Europaparlament waren d'Emotiounen op alle Fall ganz grouss.

Europa seet de Britten Äddi. En "au revoir" verbonne mat vill Emotiounen. Wärend 3 an engem hallwe Joer huet de Brexit polariséiert. An awer, elo wou de Big Ben d‘Stonn vun der Wourecht alaut, fléissen Tréinen. Et war en historeschen Ament e Mëttwoch den Owend am Europaparlament.

"Ech sinn einfach néiergeschloen. Et ass wierklech ganz schwéier, et a Wierder auszedrécken.", kommentéiert d'Jude Kirton-Darling vun der Labour-Partei.

"Dëse Schal seet: 'Eenheet an der Diversitéit'. Ech si mer es net sécher, ob den Ament mäi Land vereenegt ass, ronderëm d'Diversitéit. Europa ass et nach ëmmer.", betount de Shaffaq Mohammed vun der Liberal-Democrat-Party.

Et wier wéi eng Scheedung, esou de Michel Barnier, dee Mann, dee bis elo mat vill Gedold a Fangerspëtzegefill de Brexit fir d’EU ausgehandelt huet. Um Enn ass seng Missioun nach net. Elo kënnt se eréischt, d’haart Noss, en neien Handelsaccord mat Groussbritannien op d’Blat ze bréngen.

"Wat den Handel ubelaangt, betruechte mir e Fräihandelsofkommes mat null Tariffer an null Quoten. Dat wier eenzegaarteg. Keen anert Fräihandelsofkommes bitt esou en Zougang zum EU-Bannemaart. Awer d'Viraussetzung ass, datt d'europäesch an d'brittesch Geschäfter weiderhin op Aenhéicht geschéien. Mir wäerten eis Entreprisë sécher net enger ongerechter Konkurrenz ausliwweren.", esou d'Ursula von der Leyen, d'Presidentin vun der EU-Kommissioun.

"Mir ginn. Fräiheet. Demokratie. Autonomie.", esou d'Reaktioun vum Nigel Farage, dem Leader vun der Brexit-Party.

Wéi laang hält d’Euphorie bei de Pro-Brexit-Britten? Um Ament, wou de Boris Johnson, dee Premier, deen um Enn de Brexit duerchgeboxt huet, op eng grouss Popularitéit ziele kann.

Vill hänkt hei och vun den Europäer of, ob déi elo 27 weider zesummenhalen oder ob déi Solidaritéit, elo wou an de Verhandlunge konkreet Handelsinteressien op den Dësch kommen, auserneebrécht.

Brexit veronséchert Britten zu Lëtzebuerg

Vill Leit si vum Brexit concernéiert a vill vun hinne sinn alles, mä net frou iwwer dës Trennung. Och bei der brittescher Communautéit hei am Land ass ee Gefill ganz grouss an zwar d'Onsécherheet. D'Monica Camposeo huet zwee Britte getraff, déi sech virun allem vill Froe stellen. "Ech sinn de Calum, ech kommen aus Süd-London, England a sinn zanter 2003 schonn zu Lëtzebuerg a schaffe bei Home from Home.", esou de Calum Heffernan.

E klenge Buttek, dee Liewensmëttel a Gedrénks vun der brittescher Insel ze bidden huet. Och wa Groussbritannien um 31. Januar aus der EU austrëtt, bis zum Schluss vun dësem Joer soll sech net vill änneren. Wéi et dann awer d‘nächst Joer, also no der Transitiounsphas weidergeet, dat weess nach keen esou richteg.

"Beonrouegend ass dat bescht Wuert, dat mir afält. Ech weess net, wéi een dat soll beschreiwen, well dat Ganzt ass elo schonn zanter dräi Joer esou en Duercherneen. An och hei am Buttek, mir hunn Angscht, wéi mir eis Produiten hei eriwwer kréien. Normalerweis misst et vu muer un nach Okay sinn, et gëtt jo eng Transitiounsperiod, mä herno, ob de Free-Trade-Agreement tëscht der EU an de UK duerchkënnt, dat weess een net.", erkläert de Calum Heffernan.

Ma och an der brittescher Communautéit zu Lëtzebuerg wieren nach immens vill Froen op.

"Wat ass elo mat Leit mat britteschem Pass? Wéi laang Zäit hu mir fir de lëtzebuergeschen oder den ireschen oder soss en aneren EU-Pass ze kréien, fir kënnen hei ze bleiwen? Dierfen mir herno hei bleiwen? Kënnen mer herno nach weider hei schaffen? Et sinn esou vill Froen nach ëmmer, déi mir alleguerten hunn a mir kruten net wierklech gutt Äntwerten dorop. Respektiv, wann iwwerhaapt Äntwerten.", dat d'Suerge vum Calum Heffernan.

Fir sech selwer e puer Äntwerten zum Brexit ze iwwerleeën, trëfft sech déi brittesch Gemeinschaft e Freideg den Owend an der Kierch Saint Alphonse. Den Ed Hone ass do de Paschtouer fir déi englesch-sproocheg kathoulesch Communautéit zu Lëtzebuerg.

Jiddereen ass do dann och wëllkomm, well de Brexit wäert net nëmme fir d’Britte Konsequenzen hunn.

"Mir plangen en Owend vun der Unerkennung a Reflektioun. Wat hei geschitt, ass eng grouss Saach. Groussbritannien war Deel vun der EU fir méi wéi 40 Joer. An den Austrëtt wäert sech op vill Leit an der EU auswierken.", betount den Ed Hone.

An och wann den Austrëtt vu Groussbritannien elo feststeet, hoffe vill Britten, dass d’Relatioune mat der EU weiderhi gutt bleiwen.

"D’Hoffnung, awer nach ze bleiwen, ass elo natierlech fort, mä elo musse mir dorunner schaffen, eng besser gemeinsam Zukunft opzebauen. Wéi mir am Beschte kënne matenee schaffen. Mir sichen ëmmer no Zeeche vun der Hoffnung an no neiem Wuesstem. Mä fir mech perséinlech wäert muer en trauregen Dag sinn. Mir sinn am Wanter an elo hoffe mer op d’Fréijoer an op en neie Summer.", esou d'Conclusioun vum Ed Hone en Donneschdeg.

Kooperatiounen tëscht Uni Lëtzebuerg a britteschen Instituter bleiwen

Partnerschafte bleiwen awer weiderhi bestoen, wéi zum Beispill déi tëscht der Uni Lëtzebuerg, mat brittesche Fuerschungshaiser an Héichschoulen.

37 Partner hu sech nämlech schonn derzou verflicht, hir momentan Relatiounen oprecht ze erhalen, heescht et an engem Schreiwes vun der Uni.

Sie fuerderen d’Regierungen an d’EU-Kommissioun op, d’Studieprogrammer vum „Erasmus“ a vum „Horizon Europe“ och an Zukunft oprecht ze erhalen.

Hei de Coomuniqué vun der Universitéit Lëtzebuerg

Forschungs- und Hochschuleinrichtungen der EU und Großbritanniens bleiben auch nach Brexit vereint

Esch-sur-Alzette, den 31 Januar 2020 - An dem Tag, an dem das Vereinigte Königreich die Europäische Union verlässt, haben die Universität Luxemburg und Hochschul- und Forschungsorganisationen aus ganz Großbritannien und Europa ihre Verpflichtung zur Zusammenarbeit bestärkt.

Neben der Universität Luxemburg haben sich insgesamt 36 große britische und internationale Organisationen, darunter Universities UK, die European University Association (EUA), die Guild of European Research-Intensive Universities, die Confederation of British Industry (CBI) und viele nationale Rektorenkonferenzen in ganz Europa, dazu verpflichtet, ihre derzeitigen Beziehungen aufrechtzuerhalten. Diese Gruppen fordern die Regierungen und die Europäische Kommission auf, die vertragliche Bindung an Erasmus+ und Horizon Europe vor Ende 2020 sicherzustellen.

Die Erklärung lautet:

„Wir, die großen Gremien, die Wissenschaft und Hochschulbildung in Großbritannien und Europa vertreten, sind uns einig, dass wir auch nach dem Austritt Großbritanniens aus der Europäischen Union weiter zusammenarbeiten wollen. Wir rufen unsere nationalen Regierungen und die Europäische Kommission dazu auf, die Verpflichtungen der politischen Erklärung zu erfüllen und sich rasch auf eine Grundlage für die weitere Zusammenarbeit durch die vollständige Assoziierung Großbritanniens an Horizon Europe und Erasmus+ zu einigen. Eine rasche Einigung in diesem Bereich von deutlichem gegenseitigem Nutzen wäre für uns alle gut und sollte vor Ende 2020 erreicht werden“.

Großbritannien und die EU treten nun in eine Übergangsphase ein, die bis zum 31. Dezember 2020 dauern wird. Während dieser Übergangszeit bleibt das Vereinigte Königreich Vollmitglied von Erasmus+ und Horizon 2020. Die britischen und europäischen Institutionen werden ermutigt, den Austausch von Mitarbeitern und Studenten im Rahmen des Erasmus+-Programms fortzusetzen und die Zusammenarbeit im Rahmen von Horizon 2020 fortzusetzen. An der Teilnahme Großbritanniens an diesen Programmen wird sich nichts ändern, auch nicht bei Projekten und Mobilitäten, die über den 31. Dezember 2020 hinaus laufen.

Die Teilnahme Großbritanniens an Horizon Europe und Erasmus+ ab dem 1. Januar 2021 wird Teil der Verhandlungen zwischen dem Vereinigten Königreich und der EU sein. Die britischen Universitäten drängen die britische Regierung, die Verhandlungen über die weitere Teilnahme an diesen Programmen zu priorisieren und, falls dies nicht erreicht werden kann, die Einführung nationaler Ersatzprogramme zu prüfen.

Die vollständige Liste der Unterzeichner:

Academy of Medical Sciences

Aurora Universities Network

British Council EU Region

CaSE - Campaign for Science and Engineering

CBI – Confederation of British Industry

CESAER

Council of Rectors of Latvia

CPU-Conference of University Presidents,France

CRASP -Conference of Rectors of Academic Schools in Poland

CRC -Czech Rectors’ Conference

CREF -Rectors conference of the Belgian French universitiesCrue Universidades Españolas – Spanish Rectors’ Conference

CRUI -The Conference of Italian University Rectors

CRUP -Portuguese Rectors’ Conference

ECIU –European Consortium of Innovative Universities

EUA -European University Association

Flemish Interuniversity Council

GuildHE –a UK representative body for small and specialist universitiesand colleges

HRC -Hungarian Rectors’Conference

HRK –The German Rectors' Conference

Icelandic Rector ́s Conference

Irish University Association

LERU -League of European Research Universities

SUHF –The Association of Swedish Higher Education Institutions

swissuniversities

The Guild of European Research-Intensive Universities

UNICA -Network of Universities from the Capitals of Europe

UNIFI -Universities Finland

Universities Austria

Universities Denmark

Universities Estonia

Universities Lithuania

Universities Norway

Universität Luxemburg

Universities UK

VSNU -The Association of Universities in the Netherlands