Ronn véier Joer nom decisive Referendum war et Freideg endlech esou wäit. Groussbritannien huet déi Europäesch Unioun offiziell verlooss.

„Ech sinn opgereegt. Et ass en neit Kapitel an der Geschicht vun eisem Land an ech sinn interesséiert ze gesinn, wat si erreeche kënnen“, dat sot de britteschen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg, John Marshall am RTL-Interview. Den John Marshall setzt op Vertrauen an d'Politik a weist sech éischter optimistesch, wat déi zukünfteg Relatiounen tëscht Partner ugeet, déi u sech net vill géif trennen.

Den John Marshall gouf, 3 Méint virum Brexit-Referendum, Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg. Hien huet déi 4 Joer hei  am Land ënnert anerem genotzt, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Hien ass der fester Iwwerzeegung, dat en dee Posten d'nächst Joer Enn Mäerz, 3 Méint nodeems d'Iwwergangsperiod op en Enn goung, verloosse wäert.

AUDIO: Brexit / Rep. Maxime Gillen (31.1.2020)

John Marshall: "Ech sinn zouversiichtlech, datt mer dat packe kënnen. Mir soe ganz kloer, datt et keng Verlängerung vun der Transitiounsperiod gëtt. Also musse mir dëst Joer d'Aarbechten ofschléissen. Zouversiichtlech, datt mir e gudden Accord kënne fannen. E breet gefächerten Accord fir Wueren a Servicer. Wann de politesche Wëllen do ass. Op béide Säiten. An ech mengen, de politesche Wëllen ass do, op béide Säiten."

Den Timing wier enk, ma 11 Méint, dat wier awer och e Pak Zäit.

Den John Marshall gëtt sech optimistesch. Zanter 30 Joren an der diplomatescher Karriär, kann de Britt politesch Prozesser gutt anuerdnen. Bis elo louch hie mat senge Brexit-Analysen net dernieft. E Mann, deen op jidderfall probéiert, seng ronn 7.000 Compatrioten, déi hei am Land liewen, schaffen a studéieren, ze berouegen. Hir Rechter bléife opgrond vum Austrëttsaccord garantéiert. Dat selwecht géif och fir Lëtzebuerg a Groussbritannien zielen. Och fir Studenten, déi am September hir Studien op der Insel ufänken. Méi nuancéiert gëtt den Toun awer, wann iwwert den neien Handelsaccord Rieds geet, iwwert deen elo verhandelt muss ginn. Eraus aus dem Bannemaart. Eraus aus der Zollunioun.

John Marshall: "E gudden Deel vun der Aarbecht gouf scho gemaach. Am Ofkommen iwwert den Austrëtt hutt der politesch Aussoen, déi de Kader setzen, wei déi zukünfteg Relatiounen ausgesi kéinten. Zum Beispill gëtt et do schonn e Paragraph iwwer Finanzservicer, wéi do d'Relatiounen an Zukunft ausgesi kéinten. Et gëtt en Engagement fir en Accord mat Nulltaxen, Nullquoten."

"Freedom of Maneuver" - fräi entscheeden ze kënnen. Ouni missen e Bléck op Bréissel, respektiv Stroossbuerg ze geheien. Am selwechten Otemzuch kommen awer och Sätz wéi: mir verloossen d'Europäesch Unioun, awer net Europa. Mir hunn esou villes gemeinsam: Intressen, Wäerter, global Erausfuerderungen, wéi de Klimawiessel, Sécherheetsfroen...

Hien erkläert, dass Groussbritannien net aus der EU erausgaangen ass, fir komplett aner Weeër ze goe wéi d'EU.

John Marshall: „Ech hunn d'Impressioun, verschidde Leit mengen, mir géifen an eng komplett aner Richtung goen. Dorëms geet et awer net. Et geet dorëms, d'Méiglechkeet ze hunn, dat ze maachen, wa mer dat sollte wëllen. An dat gëllt esouwuel fir Reglementer a verschiddene Beräicher, wéi och fir eis Aussepolitik."

E kléngt wéi eng Leier, um Ament, wou Groussbritannien en neien Depart hëlt. En neien Depart, och bannent dem United Kingdom.

John Marshall: "Kloer ass, do heescht et Hand upaken, fir d'Unioun ze stäerken. D'Regierung, de Premier hunn dat erkannt. Et ginn Divisiounen an eiser Gesellschaft, déi duerch de Brexit bedéngt sinn an déi musse geheelt ginn."

D'Land weider bréngen! Dës Wierder sti grouss am Agenda vun der Regierung Johnson. Dofir muss d'Unioun bannent dem United Kingdom gestäerkt ginn. Däers ass d'Regierung sech bewosst.