Et misst en Zougang fir humanitär Hëllef assuréiert ginn, esou den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell.

Syresch Regierungstruppen hate viru Kuerzem, zesumme mat russescher Ënnerstëtzung, eng Offensiv géint islamistesch Milizen, déi vun der Tierkei ënnerstëtzt ginn, an der Regioun Idlib lancéiert.

Zanter Ufank Dezember si laut UN scho méi wéi eng hallef Millioun Leit aus där Regioun geflücht. D'EU géif weider humanitär Hëllef leeschten, ma dofir bräicht et e gesécherten Zougang an déi betraffe Regioun, esou de Borrell weider.