D’EU-Memberstaaten hunn um Dënschdeg gréng Luucht ginn, fir e Mandat mat deem de Post-Brexit soll verhandelt ginn.

D’Verhandlungen tëscht Bréissel a London sollen d’nächst Woch ugoen a bis Enn vum Joer – sou gëtt gehofft – soll en Accord fir déi zukünfteg Relatiounen tëscht Groussbritannien an dem Kontinent stoen.

De Michel Barnier ass Chefnegociateur. Den Detail vum Mandat ass net bekannt.