Sollt et bis Juni keng Fortschrëtter an de Verhandlunge mat der EU ginn, da wéilt ee sech net méi automatesch un d'EU-Reegelen halen.

Déi brittesch Regierung dreet domadder, d'Verhandlunge mat der EU iwwert déi zukünfteg Relatioune platzen ze loossen, sollt et bis Juni keng Fortschrëtter ginn.

Dat geet aus engem Pabeier vun der Johnson-Regierung ervir, deen en Donneschdeg public gouf. Deemno wéilt sech London net méi automatesch un d'EU-Reegelen halen.