D’EU-Kommissioun stellt um Mëttwoch hire Gesetzprojet vir, fir d’EU bis zum Joer 2050 klimaneutral ze maachen.

12 EU-Länner, dorënner och Lëtzebuerg, fuerderen an engem Bréif un de Vizepresident vun der Kommissioun, Frans Timmermans, dass d'EU hir Klimaziler séier iwwerschafft.

Den Ament ass virgesinn, dass d'Emissioune bis 2030 ëm 40 Prozent par Rapport zu 1990 solle reduzéiert ginn.
Dat géif an den Aen vun den 12 Memberstaaten net duergoen, wann Europa 2050 well klimaneutral sinn, dofir gëtt driwwer nogeduecht, fir d'Zäregas-Emissiounen bis 2030, schonn ëm 50 oder 55 Prozent erofzeschrauwen.

EU-Klimaschutz / De Reortage vum Dany Rasqué