D’EU-Kommissioun stellt e Mëttwoch den entspriechende Gesetzprojet vir.

12 Member-Länner, dorënner och Lëtzebuerg, fuerderen an engem Bréif un d'Kommissioun, datt d'EU hir Klimaziler eropsetzt.

Den Ament ass geplangt, d'Emissioune bis 2030 ëm 40 Prozent am Verglach mat 1990 ze reduzéieren. 50 bis 55% wieren awer néideg, fir 2050 klimaneutral ze sinn, sou d'Suerg vun den 12 Länner.