Den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU huet de brittesche Steierzueler op mannst 4,4 Milliarde Pond kascht.

Wéi de brtitesche Rechnungshaff um Freideg matgedeelt huet, hätten d'Ministèren op d'mannst dës Zomm tëscht dem Brexit Referendum 2016 a Mäerz dëst Joer fir d'Peparativen ausginn.

D'Oppositioun kritiséiert, d'Ausgabe vun der Regierung wieren net transparent genuch.