D’Spëtzte vun der EU hunn den tierkesche President Erdogan opgefuerdert, sech weiderhin un d’Flüchtlingsofkommes vun 2016 ze halen.

100 Deeg ass Ursula von der Leyen d'Cheffin vun der Europäescher Kommissioun. Fir de Jubiläum hunn e Méindeg d'Gespréicher mam tierkesche President Erdogan zu Bréissel ugefaangen. Topthema: D'Flüchtlingssituatioun.

Meenungsverschiddenheeten tëscht Tierkei an EU / Tim Morizet

Zanter d'Tierkei d'Grenzen zu Griicheland opgemaach huet, gëllt den Ausnamezoustand. Mënschen, déi iwwert d'Grenzen an d'EU wëllen, gi mat Gewalt vun de griichesche Grenz-Patrullen zeréckgedréckt. Virun allem déi Mannerjäreg sollen der Kommissiounscheffin no séier aus de Krisegebidder a Griicheland fortkommen. Fir eng allgemeng Léisung ze fannen, misst den tierkeschen Drock vun de Grenze geholl ginn, esou d'Von der Leyen am Virfeld vum Treffen.

En Duerchbroch gouf et e Méindeg den Owend net. Den tierkesche Wonsch no méi Hëllef, och där finanzieller, wier verständlech, heescht et vun europäescher Säit. Vum tierkesche President Erodgan heescht et, datt d'Situatioun a Syrien och géif den Drock op de Grenze mat Griicheland weider ausbauen.

"Mir sinn dat eenzegt NATO-Land, dat géint den Islamesche Staat gekämpft huet. Dobäi sinn mer d'Doheem vun 3,7 Millioune syresche Refugiéen. Mir verlaange Support vun eisen Alliéierten an dësem Kampf, deen d'Tierkei bis ewell eleng gekämpft huet, an dat mat villen Afferen."

Et wéilt ee vun tierkescher Säit net méi akzeptéieren, datt d'Europäesch Unioun den onfaire Gewënner an der Flüchtlingskris ass. Et gëtt och méi Suen. D'EU wier bereet, weider an d'humanitär Versuergung an der Tierkei ze investéieren. Dat awer ënner Konditiounen.

Zéngdausende Migranten hunn zanter dem 29. Februar probéiert, iwwer Griicheland an d'EU eranzekommen. Dat mat deels déidleche Konsequenzen. 2016 war et zu engem Deal tëscht der Unioun an der Tierkei komm, fir d'Refugiéen op tierkeschem Territoire ze versuergen. Bis ewell huet d'EU d'Hallschent vun de versprachene 6 Milliarden un d'Tierkei bezuelt, déi Logement, Schoulen a medezinesch Necessitéite fir d'Migranten assuréiere sollen.