Mat 25 Milliarden Euro wëll d'Europäesch Unioun d'Wirtschaft, déi ënnert de Konsequenze vun der COVID-19-Epidemie leit, ënnerstëtzen.

No enger Videokonferenz vun de Staats- a Regierungscheffen en Dënschdeg den Owend huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen esou e Fong annoncéiert.

D'Sue kéimen aus de Strukturfongen a géife séier fléissen, sot d'von der Leyen. D'EU wëll domat ënnert anerem de Gesondheetssecteur, den Aarbechtsmarché a Kleng- a Mëttelbetriber ënnerstëtzen.

Et géif een all d'Mëttelen notzen, déi engem zur Verfügung stinn, fir datt d'europäesch Ekonomie dëse Stuerm géif iwwerstoen, huet d'Kommissiounspresidentin versprach.