D'Europäesch Zentralbank keeft bis Enn vum Joer Obligatiounen am Wäert vun 120 Milliarden Euro, fir d'Ekonomie nees unzekuerbelen.

Donieft sollen och d'Banken gehollef kréien. Dës Moossnamen huet d'Europäesch Zentralbank en Donneschdeg decidéiert.

De Leetzëns am Euroraum bleift um Rekorddéif vun null Prozent.