An der Lutte géint d'Coronavirus-Pandemie plangt d'EU-Kommissiounspresidentin, d'Arees an d'EU staark ze limitéieren.

D'Areesverbuet an d'EU soll 30 Dee laang gëllen. Nëmme Reesen, déi absolut noutwenneg sinn, solle weider erlaabt bleiwen.

An enger Videokonferenz um Dënschdeg de Mëtteg wëllen d'EU Staats- a Regierungscheffen driwwer diskutéieren op d'europäesch Unioun hir Baussegrenzen wéinst der Coronakris ganz zou mécht. Dernieft geet et ëm d'Coordinatioun am medezinesche Beräich, an d'Suitte fir d'Economie.