Et ass en historesche Schrëtt. Fir d'Suitte vun der Corona-Kris ze geréieren, wëll d'EU-Kommissioun d'Defizitreegele fir d'Memberstaaten aussetzen.

Dat gouf bis ewell nach ni gemaach. D'EU-Kommissiounspresidentin huet dat op Twitter annoncéiert.

Domat kënnen d'EU-Länner sech an onbegrenzter Héicht verschëlden. National Regierunge kënnen esou vill Sue wéi néideg an d'Wirtschaft pompelen.

D'EU-Finanzministere mussen deem awer nach zoustëmmen. Déi kommen e Méindeg beieneen.