D'EU-Kommissioun huet um Dënschdeg en Hëllefsprogamm an Héicht vun 300 Milliounen Euro fir Lëtzebuerger Entreprisen an Independanten ofgeseent.

Dat ass an engem Schreiwes vun der EU-Kommissioun ze liesen. Déi Sue si fir déi geduecht, déi duerch de Coronavirus an déi ekonomesch Suitte mat finanzielle Problemer ze kämpfen hunn.