Zanter Wochen dréit d'Welt méi lues, de Passagéierverkéier ass op ville Plazen agestallt, Fabricke produzéiere guer net méi oder vill manner.

Och de Stroossen fuere vill manner Leit. D Europäesch Weltraumagence huet e Freideg nei Biller vun Europa publizéiert, wou een dëst gesäit. Op de Satellitte-Biller vun der ESA gesäit een, wéi drastesch d'Stéckoxiden an der Atmosphär zeréckgaange sinn.

Anescht wei beim CO2 gesäit een dofir relativ séier, wann d'Aktivitéiten zréckginn. Och fir Lëtzebuerg leeft eng Detailanalys. Et ass eng Situatioun, déi sech Ëmweltorganisatiounen esou op kee Fall gewënscht hätten, esou de Raymond Aenderkerk, ma dës Kris kéint awer zu engem Ëmdenke feieren.

D'Ëmwelt kritt eng kuerz Paus, esou den Dr. Josef ASCHBACHER, Direkter vum ESA-Äerdobservatiounsprogramm. A China hätten d'Satellittebiller gewisen, datt elo d'Emissiounen esou héich si wéi virun der Kris.