Et muss een den idealen Zäitpunkt fir d'Lackere vun de Mesurë fannen. Net ze fréi, datt de Virus net erëm kënnt, an net ze spéit fir d'Wirtschaft.

D'EU-Kommissioun schafft un enger gemeinsamer Exit-Strategie fir all EU-Staaten, fir d'Ausgangsbestëmmunge Schrëtt fir Schrëtt zeréckzefueren. Wéi et vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen heescht, géif een zesumme mat Experte préiwen, wéini d'Mesurë vum sougenannte social distancing gelackert kënne ginn.

Dat dierft net ze fréi geschéien, well soss de Risk besteet, datt de Virus nees opflaamt. Anerersäits misst et sou séier wéi méiglech sinn, fir datt d'Wirtschaft net onnëtz leit.