Fir der Coronavirus-Kris entgéint ze wierken proposéieren verschidden Eurozon-Länner déi sougenannten “Corona-Bonds”.

CoronaBonds/Reportage Bill Wirtz

Lëtzebuerg ass dofir, Däitschland an Holland sinn dogéint. Eng Diskussioun, déi ënnert der leschter Finanzkris ugaangen ass, geet deemno elo virun.

Als Reaktioun op de Virus an déi ekonomesch Konsequenzen, déi do eraus entstinn, huet Lëtzebuerg ee finanziellen Hëllefspak zesummegestallt, vun deem een Deel och aus Prêten finanzéiert wäert ginn. Fir Lëtzebuerg, ee Land mat gesonde Staatsfinanzen, ass dat kee Problem, mä fir Länner wéi Italien, kënnen d’Zënsen dem Zentralstaat schnell iwwert de Kapp wuessen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens erkläert wéi “Corona-Bonds” géife funktionéieren: Nom Prinzip vun der solidarescher Haftung géigen d’Eurozon-Länner zesummen Emprunt’en ophuelen, fir besser Zënssätz ze kréien. Länner wéi Italien géifen eleng um Marché ganz schlecht Zënstauxe kréien.

Den DP-Politiker mengt, dass d’Corona-Bonds eng Fro vun der Solidaritéit wieren. Dat mengt och de Premier Xavier Bettel.

Däitschland, Holland, Éisträich a Finnland stäipe sech géint esou eng Propose. De Charles Goerens ass net iwwerrascht. Et wieren ëmmer déi selwecht Länner, déi vill vun der EU profitéieren, déi herno sech net solidaresch weisen. Hie relativiséiert och d’Kriticken vun dëse Länner. Et wier wouer, dass vill Staatsfinanze méi schlecht do stéingen, wéi virun der leschter Finanzkris, mä et wieren awer zënterhier Virbereedunge getraff ginn.

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus huet nach ëmmer 400 Milliarden Euro, déi disponibel sinn. Do kéime 750 Milliarden Euro drop, déi déi Europäesch Zentralbank fräischalt.