Den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg huet Lëtzebuerg, méi genee der Zukunftskeess, en Donneschdeg de Moie mat engem Urteel op d'Fangere geklappt.

Fir d'europäesch Riichter konnt de Grand-Duché nämlech engem Frontalier d'Kannergeld net refuséieren fir e Kand vu sengem Partner, dat net säint ass.

Ee Mann, deen a Frankräich lieft, awer hei am Land schafft, hat vum Summer 2016 u kee Kannergeld méi kritt, fir e Kand vu senger Fra aus enger viregter Bezéiung, wougéint de Mann geklot hat. De Conseil supérieur vun der Sécurité sociale hat den Europäesche Geriichtshaff ëm seng Meenung gefrot an deen huet Lëtzebuerg deemno elo Onrecht ginn.