Um Samschdeg ass et dës Erklärung vun de 6 Lëtzebuerger Europadeputéiert zu der Corona-Kris.

Vum Marc Angel, dem Charel Goerens, dem Christophe Hansen, der Tilly Metz, der Monica Semedo, der Isabel Wiseler-Lima a Kooperatioun mam Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg

D'Coronakris bedeit e groussen Aschnëtt an eist Liewen: sozial, wirtschaftlech a villäicht esouguer politesch. Wärend mir kuerzfristeg alles doru setzen, eis Matbiergerinnen a Matbierger, eis Frënn a Familljen ze schützen an eis Wirtschaft ze ënnerstëtzen, ass elo scho kloer: dës Kris wäert wäitreechend Folgen hunn an eis Gesellschaft nohalteg beaflossen.

Zënter dem Ausbroch vun der Pandemie stinn déi Europäesch Institutiounen den nationalen Administratiounen aktiv zur Säit. D'EU ënnerstëtzt a koordinéiert d'Effortë vun de Memberstaaten, mobiliséiert Suen zur Stäerkung vun de Gesondheetssystemer a presentéiert Moossnamen, fir de wirtschaftlechen Abroch duerch dës d'Kris ofzeschwächen.

E puer Beispiller:

- D'EU suergt dofir, datt all EU-Member mat dem dringend gebrauchte medezinesche Material versuergt gëtt: Zum Beispill dank enger Reserve vun 50-Milliounen Euro fir medezinesch Geräter, oder duerch de gemeinsamen Akaf vu medezineschem Material;

- Si investéiert massiv an d'Fuerschung, fir datt schnellstméiglech Impfmëttel a Medikamenter géint de COVID-19 fonnt ginn. An enger europawäiter Medikamenten-Testrei mécht och Lëtzebuerg mat;

- Si huet de Rapatriement vun Dausenden EU-Biergerinnen an -Bierger organiséiert a co-finanzéiert

- Si huet hir Haushaltsreegelen ugepasst, fir déi generéis Hëllefspäck vun de Memberstaaten ze erméiglechen. Duerch dës Entscheedung ka Lëtzebuerg staatlech Bäihëllefe vu ronn 300 Milliounen Euro bereetstellen, fir eise Betriber a Fräiberuffler ze hëllefen;

- Si huet en Investitiounsplang vun iwwer 37 Milliarden Euro op d'Bee gestallt, fir d'Gesondheetssystemer an d’Kleng- a Mëttelbetriber vun de Memberstaaten ze stäerken. Donieft huet si d‘Notzung vu weidere Finanzmëttel flexibiliséiert, fir zousätzlech Suen zur Bewältegung vun der Kris kënnen ze notzen;

- a schlussendlech huet d'Europäesch Zentralbank mat 750 Milliarden Euro de gréissten Hëllefspak an der europäescher Geschicht decidéiert.

D'EU hëlleft do, wou si kann. D'Coronakris huet allerdéngs op schmäerzlech Aart a Weis gewisen, datt si eng gemeinsam Gesondheetspolitik brauch.

Eng Rei Memberstaaten hunn deels widderspréchlech, deels net oder kaum mateneen ofgestëmmte Moossnamen ergraff, fir hir Biergerinnen a Bierger virun der Pandemie ze schützen. Dat läit och dorunner, datt d'EU net déi néideg Kompetenzen a Mëttel vun den Nationalstaate kritt. Dës wieren awer néideg, fir déi sou wichteg Moossnamen zur Agrenzung vum Virus an zur Bewältegung vun enger Kris vun dësem Ausmooss ze decidéieren an ze koordinéieren. Si ka keng gemeinsam Prozeduren am Gesondheetssystem festleeën, iwwer Ausgangsspären entscheeden, oder Quarantainë verhänken. Si kann net iwwert d’Verdeelung vu medezineschem Material, Experten a Medikamenter decidéieren oder d‘ Zoumaache vun EU-Grenze beschléissen.

Hätten d'EU-Staaten an dëse Froe mat enger Stëmm geschwat, hätten déi eenzel Membere méi cibléiert, effizient a séier op dës Pandemie reagéiere kënnen. D'Kris weist eis, datt mir méi, an net manner Europa brauchen. En Europa, dat seng Biergerinnen a

Bierger virun enger Pandemie schütze kann an deem dozou souwuel déi néideg Entscheedungskraaft, wéi och den noutwennege Budget zur Verfügung stinn. Dëst muss sech och am pluriannuelle Finanzkader vun der EU (MFF) fir 2021-2027 erëmspigelen, iwwer deen d’Staats- a Regierungscheffen an de kommende Wochen decidéieren.

D'Europäescht Parlament schafft mat ganzer Kraaft dorunner, der EU all d’Mëttel,an d’Méiglechkeeten ze ginn, fir d'Mënschen duerch dës Pandemie ze féieren. D’Deputéiert kënne sech zwar net op Bréissel oder Stroossbuerg deplacéieren, mä d'Aarbecht am Parlament, an de Fraktioune souwéi an de Kommissioune geet weider. Kuerzfristeg gëllt et, d'Auswierkunge vun der Pandemie anzegrenzen. Mëttelfristeg musse mir de Biergerinnen a Bierger hëllefen, de Wee aus der Kris ze fannen. A laangfristeg musse mir alles dorunner setzen, datt mir zukünfteg besser, méi séier a méi effizient reagéiere kënnen; sief et duerch d'Stäerkung vun eise Wirtschafts- a Gesondheetssystemer, oder andeems mir d'Roll vun der EU an esou Krisen nei definéieren.

An dëser schwéierer Zäit weist sech eemol méi, wéi wichteg d‘Solidaritéit ass. Genausou, wéi d’Leit an de leschte Wochen trotz der physescher Distanz méi no zesummegewuess sinn, mussen och d'Staaten sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Net nëmme bannent de Grenze vun der Europäescher Unioun, mä och doriwwer eraus: Et gëllt och deene Länner ze hëllefen, déi besonnesch staark vun der Kris betraff sinn an deene Mëttel, déi fir eis selbstverständlech schéngen, feelen. De Virus stoppt net virun eise Grenzen. Déi Europäesch Solidaritéit dierf dat och net.