Fir dass duerch de Coronavirus d'Chômage-Zuelen net ze vill erop ginn, versicht d'Europäesch Unioun mat Hëllefspäck d'Memberlänner z'ënnerstëtzen.

EU vs Chômage / Reportage Bill Wirtz

Dobäi geet et virun allem drëms, fir Aarbechtsplazen ze garantéieren. Mir géifen aus enger gudder Situatioun eraus kommen, seet déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo. Iwwer déi lescht Jore wieren eng 14 Milliounen Aarbechtsplaze geschaf ginn an de Chômage vun deene Jonke wier erof gaangen. Mam Coronavirus stinn déi Avancë virun engem Fragezeichen. D'EU géing genee där Onsécherheet entgéint wierke mat engem rezenten Hëllefspak vu 500 Milliounen Euro.

D'DP-Politikerin seet och dass de Schengen-Accord nees misst op d'Bee kommen: d'Grenze missten direkt nees opgemaach ginn, fir zesummen de Problem unzepaken.

D'Monica Semedo erwaart sech och méi Courage vun den EU-Memberstaate beim Budget. Programmer wéi den Europäesche Sozialfong+ wieren dofir néideg.

Beim Conseil vun en Donneschdeg haten d'EU-Memberlänner sech just ee Kader fir deen nächste Budget pluriannuell ginn. De President Charles Michel schwätzt vu Kompromësser, déi misste gemaach ginn.