Soll ee bei annuléierte Volle Suen zréckkréien? 12 EU-Memberstaate soen "Nee"

© AFP (Archiv)
Soll ee seng Sue kënnen zréckkréien, wann am Kader vum Coronavirus ee Vol annuléiert gouf?
12 EU-Memberstaate soe sech an enger gemeinsamer Deklaratioun dogéint, dass d'Fluchgesellschaften de Leit hier Sue sollen zréckginn.
Ënnert deenen 12 Länner sinn ënnert anerem d'Belsch, Frankräich an Holland. D'Argument ass, dass wann d'Fluchgesellschaften d'Sue mussen zréckginn, da kéime se a finanziell Schwieregkeeten, wat Aarbechtsplaze kaschte kéint. Amplaz dovu kéinten d'Konsumenten ee Bong kréien. De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel seet sech kloer géint déi Deklaratioun. Hei géingen d'Business-Interesse vu verschiddenen Entreprisen iwwer d'Konsumente gestallt ginn. Vill Konsumente wieren och elo op de Cash ugewisen.
Den LSAP-Politiker seet och, dass et ee Problem vum Etat de Droit wier: Et kéint een net Versprieche vu Konsumenteschutz retroaktiv opléisen. Donieft wier et géint de Prinzip vun der Konkurrenz, well verschidden Airlines hire Clientë schonn hir Suen zréckginn hätten. Schlussendlech géing dat d'Entreprisë just dozou verleeden, d'nächst Kéier d'Reegelen och nees net anzehalen.
Dat géing awer net heeschen, dass een d'Fluchgesellschafte sollt am Stach loossen. A ville Länner wier dësen Entreprisë scho mat ville Milliarden ënnert d'Äerm gegraff, dorënner och mam Chômage technique fir hier Employéen. D'Sozialiste géifen och un engem Fong schaffen, dee kéint deene Fluchgesellschaften hëllefen, déi kee Cash méi hunn, fir hir Clienten auszebezuelen.