D'Medikament Remdesivir krut e Freideg eng Autorisatioun vun der Europäescher Unioun, fir d'Behandlung vu Corona-Patienten.

Remdesivir gëllt als eent vun de wéineg wierksame Mëttelen am Kampf géint de Covid-19, bei Patienten iwwer 12 Joer déi Sauerstoff brauchen. Et soll den Openthalt am Spidol ëm e puer Deeg verkierzen.

D'US-Regierung huet een Accord mam Hiersteller Gilead Sciences an hunn d'Produktioun vu Remdesivir fir déi nächst Méint opkaaft. Vill Länner hunn awer scho Reserven ugeluecht. De Grand-Duché wier och mat Remdesivir versuergt, sou d'Santé virun e puer Deeg.