„Eng Rezessioun mat historesche Proportiounen“: dat waren d’Wierder vun der EU-Kommissioun, déi mat enger Rezessioun vu 7,7% an der Eurozon rechent.

D’Reprise d’nächst Joer gëtt bei 6,3 Prozent geschat. Eng ongewëss Reprise, déi vu Land zu Land anescht kéint sinn.

De Lëtzebuerger Finanzministère rechent jo mat enger Reprise vu 7% d’nächst Joer, no enger Rezessioun vu 6% dëst Joer. De Statec geet dovunner aus, dass sech d'Inflatioun dëst Joer op 0,6% limitéiert an d'nächst Joer bei 1,6% wäert leien.

Déi nächst Index-Tranche dierft fréistens am drëtten Trimester d'nächst Joer fälleg ginn. D'Tranche drop ass net virun 2022.