De Kultursecteur gehéiert zu de gréisste "Leidtragende" vun dëser Kris – dat huet d’Kulturministesch Sam Tanson e Freideg bei der Online-Debatt betount.

D'Gespréichsronn gouf vum Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg organiséiert. D’Ministesch huet zesummen mam Kënschtler Serge Tonnar, der Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang an der EU-Deputéiert Monica Semedo iwwert d’Erausfuerderungen an d’Zukunft vum Kultursecteur diskutéiert, wou et nach vill Ongewëssheete ginn.

Online "EU-Talk" iwwer d'Kultur / Reportage Claudia Kollwelter

Den Escher Theater wëll den 1. Weekend am Oktober erëm mat hirer Programmatioun ufänken. D’Direktesch Carole Lorang ass sech bewosst, wat op si duer kënnt, an datt Mesuren en Place gesat musse ginn, mee dat wier awer och machbar:

"Iergendwéi musse mer weider goen. Mir kënnen net stänneg an engem totalen Ausnamezoustand sinn. Natierlech wäerte mer keng normal Situatioun am Hierscht hunn, mee mir mussen eis e Stéck Normalitéit erëm erkämpfen."

En anere Problem wier deen, datt d’Kënschtler an Europa ënnerschiddlech Hëllefe kréien. Iwwert eng Harmoniséierung vum Statut wier an der zoustänneger Kommissioun vum Europaparlament nach net diskutéiert ginn, huet d’EU Deputéiert Monica Semedo gesot. Ma et wier een sech iwwert d'Wichtegkeet vum Secteur bewosst, vu datt et europawäit 12 Millioune Kulturschafender ginn, wat ronn 7% entsprieche géife sou d'DP-Politikerin.
Wat d’Hëllefen hei zu Lëtzebuerg uginn huet d’Kulturministesch Sam Tanson betount, datt d’Subsiden oprecht gehale goufen:

"Mir hu keng Sue weider zréck gefrot, mee mir hunn de Message weider ginn, datt mer der Meenung sinn, datt déi di vun eis Sue kréie fir hir Projeten, och Kënschtler solle bezuelen."

Wéinst den zisch Annulatiounen hätten déi grouss Haiser vill Sue fir grouss international Kënschtler gespuert, déi an den Ae vum Serge Tonnar elo anescht agesat kéinte ginn:

"D'Haiser kéinten zum Beispill Kënschtler engagéieren iwwert eng Zäit, hinnen e feste Kontakt ginn, wéi Compagnien am Ausland. Sou Mesuren kéint een iwwerleeën. Net just déi kleng Piqûren déi mer lo ginn, fir hei an do auszehëllefen, mee eng Visioun wéi d'Kultur an Zukunft ka funktionéieren, ob Virus oder net. Déi Froen, déi sech elo stëllen, waren souwisou schonn ëmmer do, mir mierken se elo just vill méi brutal wéi virdrun."

 
Wat den Deconfinement am Kultursecteur betrëfft huet d’Ministesch d'Beispill vun engem Drive-In genannt, als Alternativ, fir Spektakelen dobaussen ze erméiglechen, zum Beispill um Glacis um Lampertsbierg.