Wéi soll d'EU op d'Pläng vun der israelescher Regierung reagéieren, fir en Deel vum occupéierte Palästinensergebitt am Westjordanland z'annexéieren?

Doriwwer hunn d'EU-Chefdiplomaten an enger Video-Konferenz e Freideg am Nomëtten diskutéiert. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat eng gemeinsam Deklaratioun un déi nei Regierung proposéiert, an där d'EU géif kloer stellen, datt all Annexioun e flagrante Verstouss géint internationaalt Recht ass.

Eng Majoritéit vu sengen Homologen hätt d'Iddi ënnerstëtzt, schreift den Ausseminister an engem Communiqué e Freideg den Owend. Vis-à-vis vum Tageblatt präziséiert de Jean Asselborn, datt eleng Ungarn an Éisträich dogéint waren. D'Deklaratioun géif déi nei israelesch Regierung e Méindeg erreechen.

Virun der EU-Ausseminister-Konferenz hat de Jean Asselborn der däitscher Presse-Agence géigeniwwer gesot, d'EU misst präventiv handelen an huet de Verglach mat der Annexioun vun der Crime duerch Russland 2014 gezunn. Explizitt gefuerdert, Israel mat Sanktiounen ze dreeën, huet hien awer net. Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet fonnt, de Verglach mat der Crime wier net ubruecht.