Als Äntwert op de Coronavirus ass international den Handelsprotektionismus nees méi an der Diskussioun.

Iwwert ee "Gastronationalismus" wëlle verschidde politesch Acteuren déi lokal Ekonomie nees ukuerbelen.

"Gastronationalimus" - Reportage Bill Wirtz

"Gastronationalismus" beschreift de Phänomen, dass Konsumente versichen, just lokal Produkter ze kafen, am Interêt dovun, dass doduerch just der lokaler Wirtschaft gehollef gëtt. De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens seet, dass et problematesch gëtt, wann een esou ee Gedanken un en Enn denkt.

De franséische Landwirtschaftsminister Didier Guillaume sot, dass d’Konsumente sollten e "patriotisme alimentaire" suivéieren, och wann dat géing heeschen, dass ee misst méi Sue fir eng franséisch Tomat ausginn.

De Charles Goerens seet, dass esou Iddien zu Lëtzebuerg net nëmmen der Ekonomie net géingen hëllefen, mä souguer kontraproduktiv wieren. De Lëtzebuerger Secteur vun der Mëllechproduktioun ass staark ofhängeg vun Exporter an d’Ausland. Wa Lëtzebuerger Produkter esou géinge fale gelooss ginn, da wier dat d’Enn vun der Landwirtschaft hei am Land.

Momentan ass et esou, dass am Bannemarché vum europäesche Wirtschaftsraum kee Protektionismus dierf bedriwwe ginn. D’Europäesch Kommissioun muss Hëllefsmesüren och ëmmer de Feu-vert ginn, fir dass de Prinzip vun der fairer Konkurrenz erhale bleift.