D'EU-Kommissioun wëll beim geplangten Neesopbau vun der europäescher Wirtschaft ee Schwéierpunkt op de klimafrëndlechen Ëmbau vun der Autoindustrie leeën,

Dat schreift d'Nooriichtenagence AFP a berifft sech op Zeitungsmeldungen aus Däitschland. Bréissel géif wäit méi wéi honnert Milliarden Euro virgesinn, fir d'Ënnerstëtzung vu klimafrëndleche Verkéiersmëttelen. Sou sollt de Konjunkturpak och eng sougenannt Renaissance vun de Schinnen aleeden.