Dës Woch huet d’Europäesch Kommissioun eng nei Strategie lancéiert, fir d’Landwirtschaft an Europa ze reforméieren.

De Secteur vun der Agriculture soll méi nohalteg a méi fair ginn. Déi sougenannten Farm to Fork-Strategie, also wuertwiertlech vum Bauerenhaff op d’Forschett, soll Perte bei der Biodiversitéit riichtbéien, an d’Liewensmëttelsécherheet garantéieren. Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz seet, dass de Pabeier op fille Plazen nach ze onkonkret ass. An awer wier et ee positive Mouvement. Vill vun de grénge Fuerderunge wieren zréckbehale ginn, dorënner eng Reduktioun vu 50 Prozent vu kënschtleche Pestiziden.

Virgesinn sinn och 20 Prozent manner kënschtlechen Dünger, 50 Prozent manner Antibiotik an der Déierenhaltung, a 25 Prozent biologesch Landwirtschaft bis 2030.

Enttäuschend fënnt d’Tilly Metz, dass d’Europäesch Kommissioun kee Courage gewisen huet bei der Produktioun a Consommatioun vu Déiereprodukter. Déi wiere Responsabel fir ee groussen Deel vun den CO2-Emissiounen, dofir wier eng Transitioun op planzlech Produkter essentiell.

D’Ëmsetzen vun der Farm to Fork-Strategie wäert sech egal wéi an d’Längt zéien. Déi néideg zousätzlech Guidelines a Gesetzer solle bis 2024 fäerdeg sinn, ier se an de legislative Prozess mam Europäesche Parlament an dem Conseil kommen.

Farm to Fork / Reportage Bill Wirtz