Medikamenter an Impfstoffer, déi duerch dës Initiativ entwéckelt ginn, sollen da fir all d'Länner disponibel sinn.

Déi global Allianz géint de Coronavirus huet an Tëscht 9,5 Milliarden Euro fir d'Entwécklung vun Impfstoffer a Medikamenter gesammelt. Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen haut op Twitter annoncéiert.

Si hat de 4. Mee eng international Donateurskonferenz organiséiert, bei där scho 7,4 Milliarden Euro zesummekomm waren. Zanterhier konnte Privatleit, Fondatiounen a Regierunge weider spenden. Medikamenter an Impfstoffer, déi duerch dës Initiativ entwéckelt ginn, sollen da fir all d'Länner disponibel sinn.