An den Ae vun der Bauerenallianz kéint d'Landwirtschaft konstruktiv iwwert den europäesche "Green New Deal" schwätzen.

An och misst een iwwer d'Strategië fir d'Landwirtschaft, déi doranner enthale sinn, schwätzen. D'Landwirtschaft kéint hire Bäitrag leeschten, fir datt Europa bis 2050 e klimaneutrale Kontinent gëtt.

D'Bauerenallianz begréisst déi verbessert Wäertschätzung vun de lokalen a regionale Produktiounen. Méi kuerz Liwwerweeër wieren och eng Äntwert op d'Pandemie. An awer warnt och d'Bauerenallianz virun ze strenge Restriktiounen, zum Beispill beim Planzeschutz. Och de sozialen Aspekt géif an der Strategie komplett ausgeblent ginn.