Dat sot den EU-Chefdiplomat Josep Borrell um Mëttwoch.

D'Decisioun léich bei den eenzele Länner, ma d'Kommissioun huet den EU-Member-Staate recommandéiert, datt d'Restriktioune "progressiv an deelweis" opgehuewe ginn.

D'Aschränkunge bei den Areese ware Mëtt Mäerz a Kraaft getrueden an duerno e puer mol verlängert ginn. De leschten Delai war de 15. Juni, deen d'Kommissioun awer elo nach ee Mol ëm 2 Woche verlängert.

De Josep Borrell huet um Mëttwoch drop higewisen, datt d'Memberstaaten den Ament amgaange wieren, d'Grenzkontrolle bannent Europa opzehiewen. Dat soll bis Enn Juni ofgeschloss ginn, iert dann d'Baussegrenzen och lues a lues opginn. D'Kommissioun géif dës Woch nach eng Propositioun op den Dësch leeën.

Hei géing et d'éischt mol ëm eenzel Länner goen, esou de Borrell. Et géif een eng Rei Krittären a Richtlinne presentéieren, déi eng gemeinsam Approchë vun de Memberstaaten erméigleche sollen. Wéi gesot läit d'Decisioun schlussendlech bei den nationale Regierungen, d'Kommissioun kann nëmme Recommandatioune maachen.