D’Finanzminister aus der Eurozon befaasse sech an enger Videokonferenz ënnert anerem mat der Successioun vun hirem momentane President, dem Mário Centeno.

Deen huet säi Récktrëtt als portugisesche Finanzminister annoncéiert, a kann domadder och net méi un der Spëtzt vum Eurogrupp bleiwen.

3 Kandidate gi fir den Ament déi beschte Chancen nogesot: nämlech der spuenescher Finanzministesch Nadia Calviño , dem Ir Paschal Donohoe an och dem Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna, dee jo schonns emol fir dee Posten kandidéiert hat.

Eng Decisioun soll awer eréischt am Laf vum Juli falen.