Fluchgesellschafte musse keng Entschiedegunge bezuelen, wann e Fluch Verspéidung kritt, respektiv annuléiert gëtt, well e Passagéier u Bord randaléiert.

Zu där Konklusioun ass en Donneschdeg de Moien den Europäesche Geriichtshaff komm. D'Riichter hunn zeréckbehalen, datt eng Compagnie wéinst sou enger "extraordinärer Situatioun" net dru gehalen ass, fir d'Clienten z'entschiedegen.

E Client hat déi portugisesch Fluchgesellschaft TAP verklot, well säi Fliger ze spéit komm war, nodeems eng Persoun u Bord randaléiert hat. De Passagéier hat en anere gebass an d'Personal ugegraff. D'Maschinn hat missen tëschelanden, fir de Randaléierer vu Bord ze bréngen.