Mindestens eng Doze Länner hätte ganz uerg ënnert dësem Feelverhale gelidden, well se vill méi héich Unzuelen un Infizéierten kritt hätten...

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens mécht sech am Europaparlament zu Bréissel fir eng Enquête staark, déi kucke soll, wéi et konnt zu der grousser Infektiounswell vu COVID-19 zu Ischgl kommen.

Ischgl / Charel Goerens - Reportage Bill Wirtz

De 4. Mäerz huet déi islännesch Regierung d’éisträichesch Autoritéite gewarnt : Et hätte sech eng Rëtsch Islänner zu Ischgl beim Après-Ski de Coronavirus geholl. Aus dem Bundesland Tirol koum awer keng Reaktioun – eréischt 9 Deeg méi spéit gouf d’Ski-Gebitt zougemaach. De Charles Goerens wëll elo duerch eng Enquêtëkommissioun erausfannen, ob de Feeler als “Schlamperei” kann op politesch Verantwortlech zerécktracéiert ginn. Fir den DP-Politiker ass de Verdikt kloer, dass déi lokal Autoritéiten hire Job net gemaach ginn.

Mindestens eng Dose Länner hätte ganz uerg ënnert dësem Feelverhale gelidden, well se vill méi héich Unzuelen un Infizéierte kritt hätten. An der éisträichescher Press gëtt der Regierung virgeworf, dass verschidden héich politesch Personalitéiten den Entreprisen, déi vu Ischgl profitéieren, ze no stéingen. Op et elo een Interessekonflikt géif, doriwwer wëll de Charles Goerens elo nach net spekuléieren.

Eng Enquête am Europaparlament wier éischter politesch... An Éisträich enquêtéiert de Parquet zu Innsbruck schonn um Sujet, fir strofrechtlech Responsabilitéiten ze etabléieren. D’Bundesland Tirol seet sech net verantwortlech fir den Ausbroch zu Ischgl.