De Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg organiséiert eng Serie vun Online-Debaten, an deenen d'Konsequenzen an d'Mesuren an der Kris diskutéiert ginn.

En Donneschdeg steet folgend Thema um Programm:

EU-Talk: Rechtsstaat ënner Drock?

De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament invitéiert Iech op den EU-Talk iwwert d'Auswierkunge vun der Corona-Pandemie op de Rechtsstaat

den Donneschdeg, 18. Juni 2020, 12.30 - 13.30 Auer.

Eis Invitéë sinn d'Vizepresidentin vum europäesche Parlament an déi fréier däitsch Justizministesch Dr. Katarina Barley (SPD/S&D), den Europadeputéierte Charles Goerens (DP/renew europe) an de Prof. Dr. Stefan Braum vun der Uni.lu.

Mat der Zuel vun den Infizéierten an Europa ass bannent de leschte Méint och d'Zuel vun de Grondrechter geklommen, déi fir eng gewëssen Zäit net méi gegëllt hunn. D'Fräiheetsrechter an de Verfassunge stinn de Sécherheetsmesurë géintiwwer, déi Leit schütze sollen. Esou een Iwwergrëff an d'Grondrechter an d'Grondsätz vum Rechtsstaat bréngt Gefore mat sech. Wéi verhält sech een demokratesche Rechtsstaat adequat par rapport zu esou enger Kris? Wéi geléngt et, déi richteg Balance tëscht Fräiheetsrechter vun de Bierger a Bierginnen an de Sécherheetsmoossnamen ëm d'Pandemie anzedämmen? Wéi d'Situatioun op nationalem an europäeschem Niveau gereegelt gouf an an Zukunft wäert gehandhaabt ginn, gëtt an dësem EU-Talk beschwat.

D'Talkronn ass op Däitsch.

D'Webinare kënnen ëmmer live iwwer Zoom gekuckt ginn, wou ee sech per Link aschreiwen an och Froe stelle kann.

Iwwerdeems gëtt et Facebook Live-Iwwerdroungen op der Säit vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg an de Video gëtt dono och op Youtube.