Am Juli soll elo all Woch verhandelt ginn.

Bei enger Videokonferenz um Freiden de Mëtten hätt hien dem Vizepresident vun der EU-Kommissioun Marcos Sefcovic formell confirméiert, datt d'Britten d'Verhandlunge fir en Handelsofkommes net iwwert d'Enn vum Joer eraus verlängere wéilten. Dat schreift de Michael Gove, Staatssekretär fir d'Ugeleeënheete vun der Regierung, op Twitter: "Den 1. Januar 2021 iwwerhuele mir nees d'Kontroll a kréien eis politesch an ekonomesch Onofhängegkeet zréck".

Bis Enn Dezember sinn d'Britte wärend enger Iwwergangsphas nach am Bannemaart, wéi och der Zoll-Unioun. Dem Brexit-Accord no kéinten d'Britten den Delai, fir d'Verhandlunge fir en neien Handelsaccord ofzeschléissen, nach ëm 1 oder 2 Joer verlängeren.

Bis ewell goufen et scho véier Verhandlungsronnen, an deenen et awer net zu gréisseren Duerchbréch koum. Am Juli soll dofir elo all Woch verhandelt ginn, weider Rendezvouse si Mëtt-August an am September geplangt. De Chefnegociateur fir d'EU Michel Barnier hat an der Vergaangenheet scho gesot, datt en Accord bis Oktober misst stoen, wann en nach mat Zäite ratifizéiert soll ginn.

Sollt et dëst Joer keen Accord ginn, gëtt et een haarde Broch.