Déi europäesch Hëllef, fir den Impakt vun der Corona-Kris op d'Ekonomie ofzefiederen, léisst op sech waarden.

Um digitalen EU-Sommet e Freideg gouf et nach keen Accord. Um Dësch läit d'Propos vun der EU-Kommissioun vu 750 Milliarden Euro fir e Konjunktur-Programm. Domadder soll virun allem deene Länner ënnert d'Äerm gegraff ginn, déi besonnesch haart vun der sanitärer Kris getraff goufen. Eng Rei Länner, dorënner Holland, Éisträich a Schweden, si géint ze héich Depensen a fuerdere méi budgetär Disziplin.

Déi 750 Milliarde solle vun der EU investéiert ginn, fir op de wirtschaftlechen Impakt vun der Corona-Kris ze konteren. 1/3 dovunner kënne Länner léinen an 2/3 sollen als Subsiden ausbezuelt ginn.

D’Länner, déi e Prêt wäerten ophuelen, kënnen dëse vun 2028 un iwwert en Zäitraum vun 30 Joer zréckbezuelen. Et ass och déi éischte Kéier iwwerhaapt an der Geschicht vun der EU, dass esou eng Mesure geholl gëtt.

Soubal d'Memberstaate sech op e Montant gëeenegt hunn, bedeit dat fir Lëtzebuerg ënnert anerem, dass d'Land an Zukunft méi an den EU-Budget muss abezuelen. Fir de Premier brauch d'Land sech dofir awer net ze schummen, well de Grand-Duché eng Ekonomie hätt, déi staark wier. Am Juli ginn d'Diskussiounen iwwert d'Relance an den zweeten Akt, well nach vill oppe Punkten no der Videkonferenz vun e Freideg ze kläre bleiwen.

Et géif nämlech ëm d'Zukunft goen an ëm eng direkt Äntwert op d'Kris, fir kee Member an dësen Zäiten an de Seeler hänken ze loossen.

De Fonds de relance wier wichteg, fir de wirtschaftleche Schock, deen duerch de Coronavirus entstanen ass, solidaresch z'iwwerwannen. Allerdéngs misst ee beim neie pluriannuelle Budget op Nohaltegkeet an Digitalisatioun setzen. Ausserdeem dierft ee keng Zäit méi verléieren an elo esou séier wéi méiglech en Accord fannen.