Domadder hunn d'Parlamentarier hir Solidaritéit mat der "Black Lives Matter"-Beweegung ausgedréckt.

D'Europaparlament huet sech e Freideg an enger Resolutioun géint Rassismus a Policegewalt positionéiert a seng Solidariéit mat der "Black Lives Matter"-Beweegung ausgedréckt. D'EU-Kommissioun misst strukturelle Rassismus méi staark bekämpfen, heescht et vun den Europadeputéierten.