D'Konkurrenz-Autoritéite vun der EU-Kommissioun hunn hire Feu vert ginn, fir de staatleche Rettungspak fir d'Lufthansa.

Déi däitsch Regierung wëll jo mat enger finanzieller Hëllef a Milliardenhéicht , fir eng Zäit an d'Airline mat era klammen.

Et ginn awer eng Partie Konditiounen: zum Beispill däerf d'Lufthansa keng Konkurrenten iwwerhuelen.